Boulevard Royal

De Boulevard Royal ass eng Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. E féiert ëm den historesche Stadkär a verbënnt am Norden den Eecher Bierg, respektiv den Ausgang vum Helleg-Geescht-Tunnel, mat am Süden der Adolphe-Bréck an doriwwer eraus der Neier Avenue a Richtung Gare. E féiert op der ganzer Längt iwwer d'Nationalstrooss 7. De Boulevard Royal gouf an den 1870er Joren op den ale Festungswierker vun der Festung Lëtzebuerg ugeluecht, déi ofgerappt gi waren. Den Numm, op enger Kaart vun 1890 och Boulevard du Roi genannt, bezitt sech op de Wëllem III., Kinnek vun Holland a Groussherzog vu Lëtzebuerg,. Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) huet d'Strooss „Königsring” geheescht. Bis an d'1970er an 1980er Jore stoungen do eng Rëtsch Villae mat klenge Parke ronderëm. Mat der Entwécklung vun der Finanzplaz sinn dës no an no ofgerappt ginn an duerch Bürosgebaier oder Hoteller ersat ginn. Och d'Aldringer-Schoul, nieft der Post, gouf ofgerappt, an an d'Plaz koum de Centre Hamilius an eng Busgare mat engem ënnerierdesche Passage an do drënner e Parking. De Parking an d'Busgare goufen den 31. Mee 2015 zougemaach an d'Gebai gouf am Summer 2015 ofgerappt fir duerch en neien Immobiliëprojet, Royal Hamilius genannt, ersat ze ginn. Eent vun de wéinegen erhalene Gebaier vun Enn vum 19. Joerhonnert ass de Sëtz vun der Lëtzebuerger Zentralbank, dat virdrun der BIL gehéiert huet, an d'hënnescht Fassad vun der aler Schwämm.


© MMXXIII Rich X Search. We shall prevail. All rights reserved. Rich X Search